After X-Mas Party

Den Tom gëtt 40!

Jingle bells, jingle bells, … Du bass ganz häerzlech op meng Chrëschtdagsparty agelueden. Den 11. Juli ass et esouwäit ech ginn endlech nach ëmmer net erwuessen an dofir feieren ech den 17. August Chrëschtdag. Wisou? D’Fro ass éischter: Wisou net?
Et ass eng “Den Dag no Chrëschtdag”-Party, also eppes Gemittleches ganz am Thema. An wat mécht een den Dag no Chrëschtdag? Richteg, d’Reschter gi giess a gedronk a wéi dat elo hei funktionnéiert, dat erklären ech méi spéit.

17.08.2024

Drescherhaus, Dommeldange

After X-Mas Party

Wat bedeit dat dann elo d’Reschter iessen an drénken? Jidderee soll eppes fir z’iessen an ze drénke matbréngen. Ech suerge fir Softdrinks an de Cremant a stellen och e Grill op fir wann s du eppes wëlls grillen.

Gedrénks

Du hues eng Fläsch Wäin iwwreg? Du weess net wat s du mat enger Fläsch Cremant solls maachen? Oder wëlls de Kajo Béier net eleng drénken?

Bréng alles mat a fëll hei de Formulaire aus:

Ech brénge mat …

Iessen

Du hues eng Zalot, e Couscous, Fleesch iwwreg? Du wëlls deng Tru eidel maachen?

Bréng alles mat, et ass eng Kichen do fir alles ze wiermen. Fëll och hei de Formulaire aus:

Ech brénge mat …

After X-Mas Party

Den Tom gëtt 40!

D’Konzept ass ganz einfach: Ech wëll gäre Leit ëm mech hunn déi an iergendenger Form am Laf vun deene läschte 40 Joer eng positiv Roll a mengem Liewe gespillt hunn. A wat gëtt et méi e schéine Kader dofir ewéi Chrëschtdag? Richteg: KEEN!

Chrëschtdags-
lidd

DJ Kleeschen

Umelle bis de 27. Juli

bis de

27

Juli
Umellen

Mell dech wgl. bis den 27. Juli un, däi Partner ass natierlech wëllkomm. Schwätzt iech awer of, net dass däi Partner sech schonn ugemellt huet.

Umellen

Liblingschrëschtdaglidd

So dem DJ Kleesche wgl. bis de 27. Juli Bescheed wat däi Liblingschrëschtdagslidd ass, fir dass hien nach genuch Zäit huet fir eng Spotify-Lëscht opzesetzen.

DJ Kleeschen

Iessen & Drénken

Gëff wgl. esou séier ewéi méiglech Bescheed wat s du wëlls matbréngen, fir dass déi aner sech och kënnen iwwerleeë wat si matbréngen,

Ech brénge mat …

17

August
14.00

Et geet lass: wanns du wëlls, bréng Deko mat

15.00

Film: The Nightmare Before Christmas

20.00

Film: Die Muppets Weihnachtsgeschichte

24.00

Et ass Zäit fir gemittlech Heem ze goen

ëmmer

Spilleck

ëmmer

Fotobox

18 19

August
ab 08.00

Raumen, gäre kanns du nach hëllefe kommen an et gëtt bestëmmt nach dat eent oder anert z’iessen an ze drénken.

Ech freeë mech mat Dir den 17. August Chrëschtdag ze feieren!

Mell dech elo un!

After X-Mas Party Informatiounen

Datum

17. August 2024

Uert

Drescherhaus

26a, rue du Château
L-1329 Dommeldange

Auerzäit

ab 14.00 Auer

Parking

Parkplaze si genuch ronderëm do. Hei just e puer Méiglechkeeten.
Du kanns awer och an der Lëscht kucken, wien eppes matbréngt an eng Fuergemeinschaft bilden.

After X-Mas Party
Privacy Overview

This website uses cookies so that we can provide you with the best user experience possible. Cookie information is stored in your browser and performs functions such as recognising you when you return to our website and helping our team to understand which sections of the website you find most interesting and useful.